De Prinzip vum Projet:
Reegelméisseg gëtt een anert Theema an de Fokus gesat. Mir schécken dir d'Informatiounsmaterial, wat s du an denger Gemeng, Entreprise oder Organisatioun jee no Besoin fräi notze kanns. Dëst besteet aus:
​
-
1 Infografik fir an de Gemengebuet oder iwwert aner Informatiounskanäl ze notzen.
-
Challengen déi all Freide publizéiert ginn a fir e bestëmmte "klenge Schrëtt" opruffen.
-
Posts fir iwwert déi sozial Medien, E-mail, als Sticker etc. ze verdeelen.
​
Matmaachen:
Fir mat ze maachen, brauchs du eis just eng E-Mail un info@ebl.lu ze maache fir dech an eis Verdeelerlëscht anzeschreiwen.
-
Fir EBL-Abonnenten (Gemengen, Entreprisen an Organisatiounen) ass dëse Service gratis!
-
Du bass nach net bei der EBL abonéiert a wëlls awer matmaachen? Schreif eis!